Hoscheit | De Schmunzel | Buch | 978-99959-4-238-0 | www.sack.de

Buch, Luxembourgish, Letzeburgesch, 56 Seiten, Format (B × H): 185 mm x 250 mm

Hoscheit

De Schmunzel

Eng ko(s)mesch Geschicht
1. Auflage 2018
ISBN: 978-99959-4-238-0
Verlag: Éditions Guy Binsfeld

Eng ko(s)mesch Geschicht

Buch, Luxembourgish, Letzeburgesch, 56 Seiten, Format (B × H): 185 mm x 250 mm

ISBN: 978-99959-4-238-0
Verlag: Éditions Guy Binsfeld


Dës nei Abenteuergeschicht fir Kanner vum Jhemp Hoscheit mat Illustratioune vum Carlo Schneider ass net vun dëser Welt. Eng Geschicht tëscht Bëschdéieren an engem Steen. Engem Steen? Jo, mee dat ass keen normale Steen, loosst Iech iwwerraschen.

Zwee Bëschhuese fannen no engem Stuerm en décke Steen, deen an enger Kaul läit an
awer mol sou guer net an d’Minettgéigend passt. De Lappi an d’Malla trauen hiren Aen net.
D’Déieren am Bësch sinn all virwëtzeg a buddelen de Steen aus dem Buedem aus. Mee do
geschitt eppes, wat net stengeméiglech ass: E fänkt un ze schwibbelen, ze schwubbelen an ze schwabbelen. An ee Gesiicht kritt en och nach. Et ass wéi wann e schmunzele kéint. Dofir
nennen d’Déieren hien: De Schmunzel.
Esou eng Entdeckung suergt natierlech fir eng grouss Opreegung. Wëssenschaftler sinn um
ko(s)mesche Steen intresséiert a wëllen e mathuelen, fir en z’ënnersichen … Mee léisst de
Schmunzel sech dat gefalen? E weist op eemol, datt e méi kann, wéi nëmme schmunzelen.

Dem Jhemp Hoscheit seng flott Sproochspiller a Kombinatioun mam Carlo Schneider senge
faarweräichen Illustratioune maachen d’Geschicht galaktesch-lieweg. An dobäi ass se och
nach héichaktuell. Duerch Referenzen zum Weltall, dem Space mining, den Emojien an der
Astrophysik kritt d’Geschicht eng zousätzlech Dimensioun.

Et ass eng Geschicht fir Grouss a Kleng, fir Wëssenschaftler, fir Déierefrënn, einfach fir jiddereen, dee mol gäre schmunzelt.

Hoscheit De Schmunzel jetzt bestellen!

Zielgruppe


Es ist ein Kinderbuch für Gross und Klein.

Weitere Infos & Material


Schneider, Carlo
De Carlo Schneider ass 1956 zu Lëtzebuerg gebuer a wunnt an
der Schwäiz. Hien ass Karikaturist, Illustrator a Cartoonzeechner
a fir seng politesch Karikaturen europawäit bekannt. Vun ’99 bis
2008 huet hien all Joer d’KARIKAtour, e Buch mat senge beschte
Karikature vum Joer, verëffentlecht. Hien illustréiert awer och
regelméisseg Bicher a publizéiert am eegene Verlag edition-salus
Kannerbicher, dorënner z. B. De Kasimir an d’Wisenten.

Hoscheit, Jhemp
De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee
Kanner. De Schrëftsteller huet bis elo fënnefanzwanzeg Bicher
publizéiert, dorënner véier Romaner – Perl oder Pica (1998),
dee mam Servais-Präis ausgezeechent a verfilmt gouf – an elo
scho säin zwieleft Kannerbuch. Dorënner sinn Wann d’Déieren
Detektiv spillen, Zodi am Schatofor, Wat wibbelt do am Schaf
oder d’Monsteren am Gaart, déi bei den Éditions Guy Binsfeld
erauskoumen.



Ihre Fragen, Wünsche oder Anmerkungen
Vorname*
Nachname*
Ihre E-Mail-Adresse*
Kundennr.
Ihre Nachricht*
Lediglich mit * gekennzeichnete Felder sind Pflichtfelder.
Wenn Sie die im Kontaktformular eingegebenen Daten durch Klick auf den nachfolgenden Button übersenden, erklären Sie sich damit einverstanden, dass wir Ihr Angaben für die Beantwortung Ihrer Anfrage verwenden. Selbstverständlich werden Ihre Daten vertraulich behandelt und nicht an Dritte weitergegeben. Sie können der Verwendung Ihrer Daten jederzeit widersprechen. Das Datenhandling bei Sack Fachmedien erklären wir Ihnen in unserer Datenschutzerklärung.