Greisch, Pol
De Pol Greisch, Joergank 1930, spillt zënter 1953 Theater a lëtzebuergeschen, franséischen an däitsche Stécker, ass a Radiospiller a Filmer derbäi, schreift Gedichter a Prosa (ë. a. an der „Warte“, de „Cahiers luxembourgeois“, dem „Lëtzebuerger Almanach“, der „Galerie“, bei „Arts et Lettres“), haaptsächlech awer lëtzebuergesch Theaterstécker, vun deenen opgefouert goufen:
„Äddi Charel“ (1966), „Besuch“ (1969), „Ënnerwee“ (1978), „E Sieschter Räinetten“ (1980), „Grouss Vakanz“ (1980), „Viru mam Jabel“ (1981), „Margréitchen“ (1986), „De Bucki“ (1986), „De laangen Tour“ (1988), „Kellerzerwiss“ (1992), „E Stéck Streisel“ (1992), „E Platten“ (1995), „Léiwe Kleeschen“ (1997), „Eng Heemelmaus“ (1999), „Wanter & Aarme Louder“ (2001), „Kiischtebléien“ (2003), „Belle-Ile & Fënsterdall“ (2008), „Dame blanche“ (2010), „Äiskal“ (2015).
2000 koum „Fir meng Mamm, aus engem laange Bréif“ (Les Cahiers luxembourgeois) eraus; 2004 de Roman „Mäi Frënd Benn“ (Phi); 2009 „D’Sonnesäit“, „Gedichter a Geschichten“ (Phi); 2012 „De Monni aus Amerika, Geschichten“ (ultimomondo).
Präméiert goufen ë. a.: 1979 „Grouss Vakanz“ mam 1. Präis am Concours littéraire national; d’Trilogie „Äddi Charel – Besuch – E Stéck Streisel“ mam Prix Servais 1993; 2002 säi Liewenswierk mam Prix Batty Weber an „De Monni aus Amerika“ mam Prix Servais 2013.
Greisch, Cary
De Cary Greisch, Joergank 1958, huet mat 15 Joer ugefaange Pop-, Rock- an Jazzmusek ze spillen. No der Première huet hie sech fir ee Museksstudium am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg entscheet a krut do deen éischte Präis an der Gittar an am Kontrabass.
Uschléissend huet de Cary Greisch klassesch Gittar beim Bernard Fieschi am „Conservatoire National de Région de Strasbourg“ studéiert, wou hien 1985 mam „Diplôme Supérieur Instrumental“ ofgeschloss huet. Duerno huet e Weiderbildungscoursen ë. a. beim Alexandre Lagoya absolvéiert.
1986 gouf de Cary Greisch Proff fir Gittar a Kammermusek am Lëtzebuerger Conservatoire. 1994 huet en als éischte lëtzebuergesche Gittarist eng Solo-CD erausbruecht. Seng Concerten an Opnahme si gepräägt duerch eng musikalesch Polyvalenz: klassesch Gittar, am Solo, Duo oder Trio; mat Flütt a mat Gesang, literaresch-musikalesch Projeten, Theatermusek, an elektronesch Musek gehéieren zu sengem Repertoire. Zum 50. Doudesdag vum brasilianesche Komponist Heitor Villa Lobos huet den „Théâtre National du Luxembourg“ 2010 dem Greisch säi Multimedia-Projet „Villa-Lobos ou Les sons en extase“ kreéiert.